Le 12 décembre 2024, le comité de la Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) avait invité à une soirée amicale pour fêter le 80e anniversaire de son membre de longue date Jos. A. Massard. Elle eut lieu à 19 heures au Naturmusée, 25 rue Munster, à Luxembourg.
Après les paroles de bienvenue du directeur du musée Patrick Michaely, ce fut le tour de Simone Schneider, présidente de la SNL, de saluer les invités et d’expliquer les raisons qui ont amené le comité de la SNL à organiser cette soirée. Ensuite Yves Krippel, le secrétaire de la SNL, retraça à l’aide d’un excellent diaporama la biographie du lauréat : jeunesse, études, carrière d’enseignant et d’homme politique, œuvre scientifique. Puis ce fut au tour de J.M. de remercier le comité de la SNL (voir ci-après).
La soirée fut admirablement rehaussée par des interludes musicaux où Jules Arpetti (guitare et chant) ainsi que Paulo Simões (guitare) surent émerveiller le public par la perfection de leur art.
Kuerze Merci vum J.A.M.
Dir Dammen an dir Hären, Léif Frënn a Kollegen,
Eigentlech hat ech ni geduecht, datt een esou eng Feier wi haut fir mäin 80. Gebuertsdag géif organiséieren.
Ech soen dofir dem Comité vun der SNL Merci, besonnesch och dem Simone fir seng léif Wierder an dem Yves fir seng Laudatio.
Eng Laudatio an där jo och d‘Geheimnis vu mengem Virnumm reveléiert ginn ass: wéi als Kollateralschued vun der Rundstedt-Offensiv aus dem „Albert“ de „Josy“ ginn ass, spéider de „Jos“, a fir d’Wëssenschaft de „Jos. A. Massard“, deen haut hei geéiert gëtt [cf. Annnexe].
D’SNL-Memberen, déi viru mir gefeiert goufen, woren:
– de Victor Ferrant, 1931
– den Edmond Joseph Klein, de Pappa Klein, 1934
– den Edouard Luja, 1950
– de Michel Lucius, 1956
– de Marcel Heuertz, 1979
– de Léopold Reichling, de Poldi, dee gläich zweemol gefeiert gouf: 1996, fir säi 75. Gebuertsdag; 2001, fir seng 80 Joer.
Vergläichen ech mech mat menge Virgänger, da kommen ech mer awer e bësse kleng vir.
Dat erënnert mech un d‘Metapher, déi de franséische Philosoph Bernard de Chartres schonn am 12. Jh. formuléiert huet, a laut där mir all „Zwergen op de Schëllere vu Giganten“ sinn.
Zu de Schëlleren, op déi ee sech als Auteur stäipt, gehéieren d’Leit, déi dofir suergen, datt engem seng Saache publizéiert ginn. An deem Kontext well ech dem Redaktiounscomité vum Bulletin vun der SNL Merci soen. An dëse Merci well ech och abannen: den Naturmusée, d’Education nationale, d’Section des sciences vum Institut grand-ducal, de fréiere Centre universitaire, d’Redaktioune vum Tageblatt, dem Lëtzebuerger Journal an dem Luxemburger Wort mat der „Warte“.
Eng staark a wichteg Stäip sinn natierlech och d’Co-Auteure vun den Artikele bzw. Co-Editeure vun de Bicher. Am Kader vun der SNL kann ech do als Beispill de Claude Meisch, de Christian Ries, den Yves an d’Simone zitéieren, — an dann natierlech meng Fra, d’Gaby, Coauteure vun 3 Bicher a vu méi wi 70 Artikelen. Ouni d’Gaby hätt ech ni eppes iwwer Bryozoairë geschriwwen a géif ech haut warscheinlech net hei stoen. Him e besonnesche Merci!
Erlaabt mer nach un zwee verstuerwen SNL-Memberen z‘erënneren, mat deenen ech zesummegeschafft hunn: Fir d’éischt de Jacques Bintz, laangjärege President vun der SNL, an dono President vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal, wou ech him wärend 2 Joren als Sekretär zur Säit stoung. – An dann de Jean Werner, dee jorelaang Vize-President vun der SNL war. Ech hunn hie méi genau kennen an appreciéiere geléiert an der Mëllerdallkommissioun, déi 1989 gegrënnt gouf. Mir waren allebéid vun Ufank do dran, ech als Member, de Jean als President, bis zu senger Demissioun am Joer 2012. De Jean ass 2017 am Alter vu 76 Joer gestuerwen.
Fir net mat enger trauereger Nott opzehalen, erzielen ech iech zum Schluss nach eng Anekdot aus menger Ufankszäit als 1. Schäffe vun Iechternach. An dat am Zesummenhang mat der Visitt am November 1976 vun der englescher Kinnigin an dem Prënz Philip.
D’Kinniginn ass op der Maartplaz ukomm. No dem Empfang um Denzelt ass et ze Fouss an d’Basilika gaangen. De Buergermeeschter Schaffner huet d’Queen dohi gefouert. Ech hat Missioun, de Philip ze begleeden. An dat war net esou einfach, well hien ënnerwee e puer mol aus der Rei gedanzt ass, fir den Zuschauer d’Hand ze ginn.
Schlussendlech koume mir awer och beim Agank vun der Basilika un. Do stoungen d’Leit op béide Säite vun der Trap Spaléier. Ënnert hinnen eng eeler Iechternacher Nënnche mat engem klengen almoudesche Fotoapparat. Si knippst voller Opreegung hir Foto, an de Prënz Philip kuckt si un a seet ganz dréchen: „You took the wrong man!“
Well esou, wéi d‘Nënnchen den Apparat gehalen huet, wor et kloer, datt si net de Philip mä mech uviséiert hat.
Elo allerdéngs hoffen ech, datt de Prënz Philip — kéint hien haut bei dëser Feier dobäi sinn — dem Comité vun der SNL géif soen: „You took the right man!“.
Annexe
Albert dit Joseph ?
Ech sinn den 3. Dezember 1944 zu Téiteng gebuer. Als Pätter war de Mann vun enger Frëndin vu menger Mamm virgesinn. Deen huet „Albert“ mam Virnumm geheescht. Gemäss der Familljentraditioun krut ech de Virnumm vum Pätter a sinn op der Gemeng als „Albert“ agedroe ginn.
Gedeeft gouf ech de 24. Dezember 1944. Wéinst der Rundstedt-Offensiv, déi de 16. Dezember ugaangen ass, war et net méiglech mam Tram vun Uewerkuer, wou de Pätter gewunnt huet, bis op Téiteng ze kommen. Dofir ass kuerzfristeg menger Mamm hire Brudder als Ersatzpätter agesprongen. Deen huet „Jos“ geheescht. D’Kand krut deem säin Numm an ech war vun elo un de “Joseph” bzw. „Josy“.
Am Lycée war ech de „Joseph“ bis op Première. Do huet mäi Regent gefrot, ob net een op der Klass wier, deem säin offizielle Virnumm anescht wier wéi de Ruffnumm. Op dem Diplom misst nämlech de „richtege“ Virnumm stoen, soss kéint dat spéider emol Problemer ginn. Ech hu mech du gemellt, an op mengem Premières-Diplom an op all deene spéideren Diplome steet als Virnumm „Albert“.
No baussen hunn ech mech als „Albert dit Joseph“ duerchgeschloen. Bis datt op der Carte d’identité an am Pass net méi erlaabt war. Dunn hunn ech eng Demande gemaach fir mäi Virnumm z‘änneren. D’Resultat war den «Arrêté grand-ducal du 14 novembre 1991 autorisant Monsieur Albert Massard à changer son prénom actuel en ceux de Joseph Albert».
De “Jos. A. Massard” hunn ech scho virdru gebraucht, fir datt déi Leit, déi op den “Albert Massard” stousse géifen eng Chance hätten, fir de Bezuch zum “Jos Massard” z’erkennen.