Biller a Geschichten aus dem Liewe vun den Hunnegbieren
D’Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) invitéiert op e Virtrag vum Jos. A. Massard am Naturmusée an der Stad, den 11. November 2025, um 18.30 Auer.
Unhand vun enger eenzegaarteger Sammlung vu Géigestänn ronderëm d´Thema Bieren an Hunneg hëlt de Referent eis mat op eng erstaunlech Rees. Vun der Imkerei iwwer Folklore, Literatur, politesch Karikatur bis hin zur Philatelie, Heraldik an Zoologie weist de Virtrag déi vilfälteg Aspekter vun der Bierewelt. Mat vill Humor a Virwëlz ginn déi vilfälteg Facettë vun dem Duo Bieren an Hunneg opgewisen. Dir däerft gespaant sinn!
Weider Informatioune fannt Dir op www.snl.lu.