D’Lëschenhaus (an den 1970er Joren Loeschenhaus oder Löschenhaus geschriwwen), war eng barock Landvilla, déi zu der Abtei Iechternach gehéiert huet. Se stoung op der Gewan tëscht de Plaze mat de Flouernimm Schwaarzuecht a Lëschen, südlech vun Iechternach, um Fouss vum Bësch Haard.
D’Haus gouf 1676 vum Abt Philippe de la Neuveforge als eng Zort Erhuelungsheem fir d’Patere vun der Abtei gebaut. 1719 huet den Abt Matthias Hartz dat deemools schonn zimlech delabréiert Gebai restauréiert. Seng definitiv Form krut et an de Joren 1748-1749, wéi den Abt Grégoire Schouppe zwéin Eckpavillonen drubaue gelooss huet.
D’Gebai stoung am 20. Joerhonnert laang eidel a war zulescht am Besëtz vun der Gemeng Iechternach. De 17. Mee 1977 gouf et op Uerder vum Buergermeeschter Robert Schaffner ofgerappt, well et net an d’Konzept vum Centre récréatif gepasst huet, deem säin Haaptstéck den Iechternacher Séi sollt sinn.
D’Diskussioun ëm d’Ofrappen huet d’Lëschenhaus zu enger Cause célèbre fir de Monumenteschutz zu Lëtzebuerg gemaach. ( Wikipedia, gekuckt de 15. Juni 2019).

An engem Artikel am Tageblatt vum 8. Juni 2019 ass den Denis Scuto op den Aspekt Cause célèbre agaangen. Villes, wat hien doranner schreift ass richteg a gutt gesot. Schued, datt hien awer eng Behaaptung aus dem Luxemburger Wort vum 20. Dezember 1976 iwwerholl huet, déi mech betrëfft an déi net richteg ass. Am Tageblatt vum 15. Juni 2019 hunn ech versicht, déi Saach ze redresséieren.

Hei sinn d’Artikelen:

Massard, J.A., 2019. A propos du „Löschenhaus“ et d’un article de Denis Scuto. Tageblatt 2019-06-15: 4, Nr. 137.

Scuto, D., 2019. Le „Löschenhaus“ et l’histoire du vandalisme. Tageblatt 2019-06-08: 5, Nr. 132.

Postscriptum (7. Oktober 2019)

Ech hunn elo eréischt gemierkt, datt den Denis Scuto de 6. Juni 2019 déiselwecht falsch Behaaptung an engem Bäitrag op Radio 100,7 gemaach huet – déi Kéier op Lëtzebuergesch. Well den “droit de réponse” op 90 Deeg, vum Dag vun der Publikatioun u gerechent, limitéiert ass, kann ech am Fall vum Radio 100,7 net méi dorop zréckgräifen. Dat wat ech als Reaktioun op dem D. Scuto säin Artikel am Tageblatt geschriwwen hunn, zielt natierlech och fir de Bäitrag vum D. Scuto op Radio 100,7. Hei ass de Link op den Text vum Bäitrag, deen op dem Internet-Site vum Radio publizéiert ginn ass: Mam Löschenhaus ass et ugaang. 06. Jun 2019 – 13:00. Radio 100,7. Denis Scuto.